Musek NewsEd Sheeran annoncéiert nei Songs 

Leschten Update: 09.01.2019, 14:54:00

© afp

Den Ed Sheeran wäert dëst Joer nei Lidder eraus bréngen. Op een neien Album mussen d’Fans zwar nach e bësse waarden. Wéi de Sänger britesche Medien sot, hätt hien eng Kollektioun vu Lidder fäerdeg. Hien wéisst awer nach net, op hien aus dëser Kollektioun eent oder 5 oder 15 Lidder wäert eraus bréngen.

Och wéini di nei Musek eraus kënnt, kann hien nach net sécher soen.

Weider geet den Ed Sheeran dovun aus, dass säin neien Album eréischt Enn 2020 op de Maart kënnt.