Musek NewsSpice Girls: kee live Comeback an den USA?

D’Spice Girls hu fir de Summer ee Comeback ugekënnegt. Net all d’Fans kënne sech awer op d’Girlgroup freeën.

Leschten Update: 09.01.2019, 15:11:00

© afp archiv

D’Fans an den USA maachen sech wuel ëmsoss Hoffnung drop, dass d’Spice Girls bei hinne live Concerten spillen. Wéi et heescht, sollen di 4 Sängerinnen 80 Milliounen Dollar fir eng US-Tour proposéiert kritt hunn, mee si hu refuséiert. Wéi et heescht, hätten si Angscht, dass domat ze vill Zäit drop geet. Schonn d’Optrëtter a Groussbritannien huele vill Zäit an Usproch. D’Spice Girls all hunn awer all eng Famill, si sinn keng Single-Fraen méi, déi alles kënne leie loossen. De Moment denken si driwwer no, e puer Concerten am Juli an August an den USA ze spillen, wann hir Kanner Vakanz hunn a kënne matkommen.

Eng weider schlecht Nouvelle fir d’Spice Girls-Fans: Och dee geplangten Animatiounsfilm vun der Band schéint net ze klappen.