Musek NewsLady Gaga entschëllegt sech fir R. Kelly Kollaboratioun

E sëlleche Fraen werfen dem R. Kelly sexuelle Mëssbrauch vir. Elo huet d‘Lady Gaga sech an deem Fall zu Wuert gemellt.

Leschten Update: 10.01.2019, 13:48:08

© afp

D’Lady Gaga bedauert no de rezente Mëssbrauchsvirwërf géint den R. Kelly seng Zesummenaarbecht mam Sänger. "Ech entschëllege mech fir mäi schwaacht Urteilsverméijen, an dofir dass ech net éischter eppes gesot hunn, schreift d’Sängerin op Twitter. Gläichzäiteg huet d'Sängerin ugekënnegt, et géing ni méi mam R. Kelly zesumme schaffen. Ausserdeem géing hatt de Song "Do What U Want (With My Body)" vun iTunes an anere Streamingplattformen erof huele loossen. D‘Lidd hat d‘Lady Gaga am Joer 2013 zesumme mam R Kelly eraus bruecht.

Mat der Doku-Serie „Surviving R. Kelly“ koumen deels zanter Joerzéngte bekannte Mëssbrauchsvirwërf géint de Sänger nees op, Den R. Kelly hat d’Virwërf dementéiert an reprochéiert senge Kritiker, si wéilte sengem Image schueden. E sëlleche Fraen werfen dem Museker hei fir, si sexuell oder emotional mëssbraucht ze hunn.

„Ech stinn zu 1.000 Prozent hannert dëse Fraen, gleewen hinnen, a weess, dass si leiden a Péng hunn", kommentéiert d‘Lady Gaga. Seng Stëmmen sollten gehéiert an Eescht  geholl ginn. D‘Virwërf géint de Sänger nennt d‘Lady Gaga "schrecklech" an "onverzeilech".