Musek NewsDen Axl Rose séngt elo Kannerlidder

No 10 Joer Paus huet den Axl Rose elo een neit Lidd fäerdeg- ee Kannerlidd mam Numm „Rock the Rock“.

Leschten Update: 10.01.2019, 14:06:44

© afp

De Guns-N’-Roses-Frontmann huet säin éischt Lidd zanter 10 Joer eraus bruecht a passenderweis a presentéiert huet hien d’Lidd an der Comicserie „New Looney Tunes“ um amerikaneschen Cartoonsender Boomerang. Mam Bugs Bunny un der Gittar a mam Schweinchen Dick um Bass.

Mëttlerweil gëtt et een eegestännege Museksvideo dozou, an deem den Axl Rose mat der Rockmusek d‘Welt rett. Seng Cartoonband rockt géint een Asteroid, deem säi Wee Richtung Äerd just mat der  Kraaft vu verzerrte Gittaren, an dem Axl Rose senger rauer Stëmm ka gestoppt ginn.