Musek NewsChris Martin mat Ex-Fra an neiem Mann op Hochzäitsrees

Dass de Chris Martin an d’Gwyneth Paltrow sech och no der Scheedung nach gutt verstinn, ass bekannt. Mee muss een dofir gläich mat op d’Hochzäitsrees goen?

Leschten Update: 10.01.2019, 14:44:57

© afp

D’Actrice Gwyneth Paltrow an de Coldplay-Sänger Chris Martin waren iwwer 10 Joer bestuet, ier si sech 2014 getrennt hunn. Bis haut verstinn  di zwee sech awer exzellent a si beschte Frënn.

An iwwerdeems de Chris Martin mat der „Fifty Shades“-Actrice Dakota Johnson zesummen ass, huet och d’Gwyneth Paltrow mam Brad Falchuk een neie Mann u senger Säit. D’Hochzäitsrees hunn si op de Maldiven verbruecht- zesumme mam Ex-Mann Chris Martin.

Wéi d’Actrice erkläert , hätt een eng „ganz modern Hochzäitsrees“ verbruecht an des zu engem Familljenausfluch gemaach. Nieft dem Coldplay-Sänger waren nämlech och hir gemeinsam Kanner mat dobäi.