Musek NewsUSA: Keen huet 2018 méi Alben verkaaft wéi den Eminem

An den USA sinn d'Verkafszuelen vun den Alben 2018 elo eraus komm - an do huet kee sou gutt verkaf wéi den Eminem.

Leschten Update: 11.01.2019, 13:27:13

Am August 2018 huet den Eminem ganz iwwerraschend säin aktuellen Album „Kamikaze“ eraus bruecht an deen ass ageschloen wéi eng Bomm. Mee et ass net duerch dësen Album eleng dass de Rapper un der Spëtzt vun de meescht verkaaften Alben vum leschten Joer gelant ass. Wéi ee Rapport vun „BuzzAngel-Music“ elo weist, suergt säi kompletten Albenkatalog fir dësen Erfolleg. Domat huet den Eminem 2018 an den USA am ganzen  755.000 Placken verkaaft. Op Platz 2 klasséiert sech d‘K-Pop-Band „BTS“ mat 603.000 verkaaften Alben an de Chris Stapleton mat 577.000 Albenverkeef op der 3. Plaz.