Musek NewsDavid Bowie: nei App iwwert säi Liewen!

Méi wéi zwou Milliounen Leit hunn weltwäit d’Ausstellung „David Bowie is“ besicht, eng nei App erzielt elo d‘Liewen an d’Carrière vum Kënschtler no.

Leschten Update: 11.01.2019, 13:44:41

© afp

D’User kënnen hei a virtuellen Reim ënnert anerem duerch 3D-Modeller vu Kostümer a Konschtwierker vum David Bowie goen grad wéi duerch seng  Videoen a  handgeschriwwe Songtexter. D‘App notzt d‘Technik „Augmented Reality“ (AR), bei där um Handy-Display Texter, Grafiken oder Animatiounen iwwert een Objet geluecht ginn, soubal d‘Kamera op dësen Objet weist. Di reell Welt wäert also ëm virtuell Aspekter erweidert ginn. D‘App kascht ëmgerechent 7 Euro.

A 25 virtuelle Reim sinn ronn 400 Objeten ze gesinn. Als Spriecher ass de briteschen Acteur Gary Oldman ze héieren. Den David Bowie war den 10. Januar 2016 am Alter vun 69 Joer gestuerwen.