Musek NewsSnoop Dogg wëllt mam Donald Trump eng Lego-Mauer bauen

Dass de Snoop Dogg net vill vum US-President Donald hält, huet hien elo op seng ganz eegen Aart a Weis bewisen.

Leschten Update: 11.01.2019, 14:06:26

© afp

Ëmmer nees hat de Snoop Dogg erkläert dass hien vum US-President näischt géing halen. Elo huet de Rapper sech an de soziale Medien lëschteg gemaach iwwert säi Plang, eng Mauer un der mexikanescher Grenz ze bauen. Hien weist hei an enger Foto-Collage wéi den Trump eng Mauer aus Lego-Steng baut.

Ob d’Amerikaner de Moment doriwwer wierklech laache kënne, ass awer ze bezweifelen- schliisslech kréien wärend der Budgetsspär verschidde Leit keng Paie. De Snoop Dogg appelléiert un all des Leit sech dorun ze erënneren wann Zäit ass wielen ze goen, an hofft dass den Trump net nach eemol d’Majoritéit vun de Stëmme kritt.