James Bay24.06.2019 @ Rockhal

De britesche Sänger James Bay kënnt zréck op Lëtzebuerg, live an d'Rockhal.

Leschten Update: 20.03.2019, 09:30:39

Säin Hit "Hold Back The River" geet direkt an d'Ouer. 

Den englesche Singer/ Songwriter James Bay huet eng grouss Carrière zréck geluecht: Entdeckt gouf hien op Youtube, nodeems ee Kameramann säi Concert gefilmt an den Optrëtt an den Internet gestallt hat. 

Elo kann hien d'Fans zu Lëtzebuerg op e Neits vu senge Live-Qualitéiten iwwerzeegen. De 24. Juni kënnt den James Bay live an d'Rockhal-Box.
Schonn am Juni 2017 war hie fir e Concert an der Rockhal.

De Virverkafhuet den 11. Februar ugefaangen. Infos & Tickete ginn et hei!


Links