Musek NewsAriana Grande released neien Album

Knapp 6 Méint no "Sweetener" huet d'Sängerin säi Wierk "Thank U, Next" presentéiert. Virun allem een Track suergt fir Opreegung bei de Fans.

Leschten Update: 08.02.2019, 12:08:07

© Angela Weiss / AFP

An der Nuecht vum Donneschden op e Freiden huet d'Ariana Grande säi 5. Studio Album released: "Thank U, Next". Dobäi sinn eréischt 6 Méint vergaangen, nodeems hatt "Sweetener" erausbruecht hat. Kuckt ee sech d'Reaktioun vun de Fans un konnt de neien Album awer net frei genuch kommen.

View this post on Instagram

my album ’thank u, next’ is out now 🖤

A post shared by Ariana Grande (@arianagrande) on


12 Tracks sinn um Wierk ze fannen, dorënner Hits wéi "7 Rings" oder "thank u, next". Ma virun allem de Song "Ghostin", dee bis elo nach net bekannt war, beschäftegt d'Nolauschterer a suergt fir eng ganz Rutsch u Reaktiounen op de sozialen Netzwierker. Et ass eng emotional Ballade, déi vum schlechte Gewëssen an Trauer handelt. Fans ginn deemno dovun aus datt den Track sech ëm säin Ex-Frënd Mac Miller dréint, deen 2018 un enger Iwwerdosis Droge gestuerwen ass. User hunn ausserdeem Gemeinsamkeeten tëscht dem Ari sengem "Ghostin" an dem Mac Miller sengem "2009" erkannt.