Musek NewsDie Ärzte - Hale si op?

Op der Homepage vun den Ärzte gouf en Text gepost, deen den éischte Moment drop hiweist, wéi wann d'Band sech géing opléisen.

Leschten Update: 08.02.2019, 14:34:45

© screenshot bademeister.com

Op bademeister.com , der offizieller Homepage vun der Band, gëtt e Wuert gesicht. Soubal den éischte Buschtaf, "A" agetippt ass, héiert de User eng traureg Melodie.

Mat den Zeilen - „Manchmal ist es einfach Zeit zu gehen. Doch wenn der Tag gekommen ist, sagt niemand dir Bescheid. Ich weiß, es fällt dir schwer, das einzusehen. Und traurig fragst du mich, ist es denn wirklich schon so weit?“ Und weiter: „Ich sage dir, wir haben hell geleuchtet und vieles, was wir taten, hat Bestand. Man wird sich lange noch an uns erinnern. Du musst jetzt stark sein, hier nimm meine Hand“ -kléngt et den éischte Moment och ferm no engem Abschied.

Op der Säit ass ze liesen, datt dee Songdeel dat éischt Puzzelstéck vu 7 ass.
E Countdown léist dorop schléissen, datt weider Infos op Mëtternuecht vun e Freiden op e Samschden online ginn.