Musek NewsGrammys fir Childish Gambino a Lady Gaga

De Rapper Childish Gambino ass mam Grammy fir de "beschte Song vum Joer" ausgezeechent ginn.

Leschten Update: 11.02.2019, 14:12:23

© AFP/Archiv/Valerie MACON

Zu Los Angeles goufen an der Nuecht op e Méindeg d’Grammys verginn.

De Rapper Childish Gambino huet ënner anerem mat sengem Song "This is America" de Grammy fir de “beschte Song vum Joer" gewonnen. "This is America" ass ee Mix aus Gospel an Trap. Inhaltlech setzen sech de Song an de Video mat Rassismus a Schosswaffe-Gewalt an den USA auserneen.

Och fir de Clip gouf den Childish Gambino geéiert an dat mam Präis fir de "beschte Museksvideo vum Joer". De Video gouf op YouTube bal 500 Millioune Mol ugeklickt.



D’Lady Gaga krut am ganzen 3 Grammys. Ënner anerem an der Kategorie "beschte Pop Duo" zesumme mam Bradley Cooper fir de Song "Shallow" aus dem Film "A star is born".

D'Country-Sängerin Kacey Musgraves huet de Grammy fir de "beschten Album vum Joer" ("The Golden Hour") gewonnen.

D'Dua Lipa gouf mam Präis "beschten neien Artist vum Joer" priméiert.

Den Drake krut de Präis fir de "beschte Rap Song“, dat fir de Song "God’s plan“.



Ze wéineg Hip-Hop, ze vill männlech Gewënner: des al Kritik un de Grammyen schéingen d’Organisateuren ech zu Häerz geholl ze hunn. Dominéiert gouf d’Zeremonie vun Fraen, an de Rapper Childish Gambino huet 2 Haaptpräisser geholl. Trotzdeem war net all Mënsch zefridden…

Lauschtert hei de Reportage

Links