Musek NewsAriana Grande: Neien Album brécht Rekorder

D’Ariana Grande huet net just säin neie Studioalbum „Thank U, Next“ eraus bruecht, mee och domat direkt och ee Rekord opgestallt.

Leschten Update: 11.02.2019, 13:03:54

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/Alberto E. Rodriguez

Den Album ass 5 Minutten nom Release direkt op Plaz 1 vun den  iTunes-Charts geschoss. Wéi di britesch Zeitung „The Sun“ mellt, huet dat virdrun nach kee Museker fäerdeg bruecht

D’Ariana Grande wier esou beweegt gewiescht vun deem Erfolleg, dass hatt de ganzen Dag gekrasch huet, sou de Star bei Twitter.



Den Titel vum Album ass dee selwechten wéi dee vun enger Single, an där hatt eng vu senge fréiere Bezéiungen verschafft. An dat huet sech wéi et ausgesäit gelount.

Den Album ass den Nofolger zu „Sweetener“ aus dem Joer 2018 an d‘Fans kënnen elo scho sécher sinn, dass d’Musekerin hei e puer negativ Erliefnisser aus hirem schwéiere leschte Joer verschafft huet.