Musek NewsHugh Jackman: Musikaleschen Opening bei de Brit Awards

No de Grammys gëtt den 20. Februar mat de Brit Awards een 2. wichtege Musekspräis verdeelt. Elo steet fest, wien d’Erëffnungsshow mécht.

Leschten Update: 11.02.2019, 14:56:53

© AFP/Archiv/LISA O'CONNOR

De Hugh Jackman wäert mat sengem “The Greatest Showman”-Song den Optakt vun de Brit Awards maachen. Mat engem Lidd aus dem Musical wäert hien an 10 Deeg hei op der Bühn stoen, obwuel de Soundtrack zum Film fir kee Präis nominéiert ass. De Soundtrack géint zwar a keng Gewënner-Kategorie passen, soen Insider, awer et wier eng vun de gréisste Saachen an der Museksgeschicht di lescht Joren, an dat misst een unerkennen.

D’Musek zum Film war mat méi wéi 1,6 Milliounen Exemplairen dee meescht verkaaften Album a Groussbritannien 2018- eng Zuel déi wäit iwwert dem Zweetplacéierten George Ezra war, dee mat „Staying at Tamara’s“ op 900.000 verkaafte Kopien kënnt.

D’Brit Awards ginn den 20. Februar an der Londoner O2-Arena verdeelt, wou ënner anerem och Little Mix, Calvin Harris, Dua Lipa an Pink wäerte sangen.