Musek NewsNicki Minaj: Dowéinst sinn seng Fans enttäuscht

D’Nicki Minaj ass de Moment op Europatournée ënnerwee, huet dobäi awer lo eng Partie Fans enttäuscht.

Leschten Update: 11.03.2019, 13:31:00

© AFP/Archiv/Valerie Macon

Eigentlech hätt d’Rapperin e Samschdeg sollen an der Arkea Arena zu Bordeaux op der Bühn stoen, mee dëse Concert grad wéi och eng Show an der Slowakei huet d'Sängerin ganz kuerzfristeg ofgesot. De Grond dofir waren technesch Problemer, wéi d’Museker elo an engem Video op Twitter verroden huet. D’Sängerin huet sech hei bei de Fans entschëllegt, déi reagéieren awer mat wéineg Verständnis. De Concert den 20. Mäerz an der Rockhal soll wéi geplangt ofgehalen ginn, et ginn och nach Ticketen um Sitte vun der Rockhal.