Musek NewsMichael Jackson: Seng Famill plangt eng eegen Doku

No den Diskussiounen ronderëm de Film "Leaving Neverland" plangt dem Michael Jackson seng Famill een eegene  Documentaire.

Leschten Update: 11.03.2019, 13:43:34

© AFP/File/STR

Am Documentaire „Leaving Neverland“ reprochéieren jo 2 jonk Männer dem Michael Jackson, hien hätt si jorelaang als Kand sexuell mëssbraucht. Iwwerdeems vill Medien d’Kredibilitéit vun den 2 Männer ervir hiewen, betount d’Famill vum Sänger ëmmer nach, hien wier onschëlleg.

Dem Michael Jackson säin Neveu Taj Jackson plangt elo souguer een eegenen Documentaire, fir säi Monni posthum ze verdeedegen. Dobäi wéilt hien am Géigesaz zu „Leaving Neverland“ béid Säiten zu Wuert komme loossen, dat heescht och di 2 presuméiert Mëssbrauchsaffer interviewen. D’Dréiaarbechten sollen sou séier wéi méiglech ufänken.


View this post on Instagram

Amsterdam! Photo by @charitykphotography.

A post shared by Taj Jackson (@tajjackson) on