Musek News2. Deel vun „Bohemian Rhapsody“ geplangt?

De Queen-Film “Bohemian Rhapsody” kéint een 2. Deel kréien. Dat huet op mannst de Produzent vum Film ugedeit.

Leschten Update: 12.03.2019, 13:39:42

© AFP/Tolga AKMEN

Wéi de Produzent verroden huet, géing een 2. Deel vu  „Bohemian Rhapsody“ de Moment an der Queen-Famill“ diskutéiert ginn. Deemno soll deen 2.  Deel no deem legendären Live-Aid-Optrëtt ufänken, also do wou deen éischten Deel ophält. “Bohemian Rhapsody“ zielt jo zu de grousse Gewënner vun der Oscar-Verdeelung 2019. De Film gouf fir dee beschte Schnëtt, dee beschten Tounschnëtt an dee beschten Toun geéiert. Doriwwer eraus krut den Haaptpersonnage Rami Malek den Award als beschte Haaptacteur.