Musek NewsEd Sheeran mécht zu London een eegent Lokal op

Den Ed Sheeran wäert geschwënn zu London seng eegen Live-Musek-Bar opmaachen.

Leschten Update: 12.03.2019, 14:17:01

© AFP/Archiv/Stefanie Loos

Vum Wirtschaftsmagasinne Forbes gëtt den Ed Sheeran de Moment 97 Milliounen Euro räich geschätzt – eleng op senger Tour an de leschten 12 Méint huet hien 28 Milliounen Euro kasséiert. Hien huet sech 4 Haiser a senger Heemechtsstad Suffok kaaf, mat eegenem Futtballterrain, privater Plage a Swimmingpool.

Wéi den „Drinks Business“ Magasinne elo confirméiert, huet den Ed Sheeran och een Restaurant zu London kaf a wëllt hei zesumme mat sengem Manager Stuart Camp eng Live-Musek-Bar opmaachen. Bis Enn Abrëll sollen d’Renovéierungsaarbechten daueren, ier et dann eng grouss Ëffnungsparty wäert ginn. Den Ed Sheeran, wëllt d’Lokal am Members-Only-Stil mat Fokus op qualitativ héichwäerteger Musek. Op laang Schlaangen vu Fans , déi just op der Juegd no engem Selfie mam Museker sinn, huet den Ed Sheeran keng Loscht. Villméi sicht hien hei eng Plaz, fir mat Famill a Frënn ze relaxen.