Musek NewsHunn Jonas Brothers bei Portugal. The Man geklaut?

Portugal. The Man beschëllegen d’Jonas Brothers, hir Single “Feel It Still” kopéiert ze hunn.

Leschten Update: 12.03.2019, 15:03:27

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archives/Jason Merritt

De Portugal.The Man-Hit “Feel It Still” gouf bis ewell méi wéi 90 Millioune Mol gestreamt, huet et weltwäit ganz héich an d’Charts gepackt, an och nach e Grammy  fir di bescht Pop-Performance gewonnen. Wéi d’Museker elo behaapten, géing de Refrain vun  “Feel it Still” extrem där neier Jonas Brothers Single “Sucker” änelen.

Wéi Portugal. The Man awer op Twitter betounen, wieren si net rosen. Si géingen selwer gären d’Musek vun den Jonas Brothers lauschteren. D’Jonas Brothers hu sech nach net dozou geäussert.