e-Lake Festival 2019De Line Up steet fest

Bosse, Motrip, an Cosmic Gate- dat sinn d'Headliner um e-Lake Festival 2019.

Leschten Update: 14.03.2019, 11:19:58

Vum 9. bis den 11. August ass di 24. Editioun vum e-Lake Festival um Iechternacher Séi- ee "Festival vu Jonker fir Jonker".. Op  zwou grousse Bühnen start de Festival Freides mat Live-Concerten. Headliner ass dëst Joer den däitschen Indie-Pop-Sänger Bosse. Mat sengen 2 Nummer 1 Alben „Engtanz“ an „Alles ist Jetzt“ rockt hien zesumme mat senger Live-Band den e-Lake Festival.

De Motrip huet sech mat sengem Hit “So wie du bist“ zu engem grousse Star an der däitscher Rap-Szene etabléiert. Den 11. August iwwerzeegt hien d’Fans zu Lëtzebuerg vu senge Qualitéiten als Live-Act. Live optrieden wäert ausserdeem di däitsch Brasspop-Band Querbeat.

Samschdes ginn wärend 12 Stonnen non-stopp di bescht Elektrobeats op zwou Stages presentéiert. Ee vun Headliner ass de briteschen Dance-DJ Ben Nicky, ee vun de meescht gebuchten Acts an de leschte Joren op internationale Festivaller. Fir d’drëtt mat dobäi ass ausserdeem schonn den hollänneschen DJ Mark Sixma. Och hien ass een Headliner an ausserdeem de Closing Act um Samschdeg. Live gesinn kann ee Samschdes ausserdeem den EDM-Duo Cosmic Gate.

Sonndes sti Bands mat lëtzebuergeschen Songtexter am Mëttelpunkt- mat Optrëttter vun Schëppe Siwen, Toxkäpp an De Läb.

Nieft der Musek fënnt een um Site och nees eng Foodtruck-Area, Gedrénks a Mechandising-Stänn.

Roll Hoffmann, Frank Rippinger, Jempi Hoffmann, Laurent Weber © eldo.lu
Ganz wichteg ass den Organisateuren, di gréng Zone ronderëm de Séi propper ze halen. Si hunn dowéinst d’Initiative „e-Lake goes green“ an d’Liewe geruff. Ziel ass et, den Offall z’evitéieren, ze trennen an ze sammelen. D’Organisateuren appelléieren och un d’Leit, mam ëffentlechen Transport op de Festival ze kommen. Et gëtt och nees e Shuttle-Bus agesat.

Wärend deenen 3 Deeg ginn 25.000 Visiteuren erwaart.  Den Entrée ass wéi all Joer gratis.

Weider Infos fannt der hei: www.e-lake.lu/de

Kuckt hei d'Photoen vun der e-Lake Presentatioun