Musek NewsD'Britney Spears kritt een eegene Musical

Eng Show zu Las Vegas huet hatt schonn – elo kritt d’Britney Spears och een eegene Musical.

Leschten Update: 13.03.2019, 14:03:22

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Jason Merritt

“Once Upon a One More Time” leeft am Oktober zu Chicago un, soll awer spéider och op de Broadway kommen. Et handelt sech em eng Aart feministescht Mäerchen, a setzt sech aus Britney Spears-Hits zesummen. Schonn den Titel spillt jo op säin Debütalbum „Baby One More Time” un. Wéi et op senger Homepage heescht, geet et am Musical em berühmte Prinzessinne wéi Schneewittchen an Aschenputtel, déi mat engem Klassiker vun der feministescher Literatur konfrontéiert ginn.