Musek NewsLady Gaga confirméiert Aarbechten un Studioalbum Nummer 6

Ronderëm d’Lady Gaga gouf et an der lescht ëmmer nees Rumeuren, hatt wier schwanger . Elo huet d’Sängerin sech selwer zu Wuert gemellt.

Leschten Update: 13.03.2019, 15:17:33

© AFP/Anne-Christine POUJOULAT

No senger Oscar-Performance mam Bradley Cooper war jo als éischt behaapt ginn, d’Lady Gaga hätt eng Affär mat sengem Duett-Partner. Doropshin hat d’Sängerin scho gekontert, dass „Shallow“ nun eemol Libeslidd wier, an de Film „A star is born“ eng Libesgeschicht. Hatt wier eng Kënschtlerin an hätt just e gudden Job gemaach.

Dono krut d’Lady Gaga nogesot, hatt géing säin éischt Kand erwaarden, an och dorops huet d’Sängerin e Sproch parat a schreift: „Et gëtt gesot, ech wier schwanger? Jo, ech si schwanger mat mengem 6. Album“.