Musek NewsLabrinth, Sia an Diplo droppen nei Single als LSD

Virun 2 Joer haten Labrinth, Sia an Diplo sech zum Trio LSD zesumme geschloss. Elo hunn si eng weider Single eraus bruecht.

Leschten Update: 15.03.2019, 15:41:11


Den Trio huet an de leschte Méint d’Fans scho mat Hits wéi „Genius“ an „Thunderclouds“ iwwerzeegt. Den 12. Abrëll bréngen di 3 Museker hiren Debütalbum „Labrinth, Sia & Diplo Present … LSD“ eraus an hunn de Cover dovun schonn op Instagram gepost.



Am Virfeld huet den Trio awer eng weider Single doraus virgestallt. Den Titel „No New Friends“ dierft d’Fans op en neits iwwerzeegen.