Musek NewsWéinst App-Store-Provisioun: Spotify mécht eng Plainte

Spotify huet eng Plainte géint Apple agereecht. Fir d’iphone-Firma kéint et ëm vill Suen goen.

Leschten Update: 14.03.2019, 14:54:34

© afp

De Streamingdéngscht Spotify wiert sech vrun allem dogéint, dass hien e groussen Deel vu sengem Erléis muss un Apple ofginn, wann e User ee Premium Abo um iPhone ofschléisst. Spotify huet es elo genuch an huet d‘EU-Kommissioun ageschalt. Wann een des Steier un Apple bezuelen misst, géing dat een zwéngen d’Premium-Memberschaft kënschtlech méi deier ze maachen, heescht et.

De Musekstreaming-Déngscht huet bal duebel sou vill Clienten wéi Apple Music. Enn 2018 hat Spotify knapp 96 Milliounen Abonnenten registréiert, Apple huet aktuellen Informatiounen no 50 Millioune User. De schwedesche Grupp huet ausserdeem eng Gratisversioun, mat där hien op insgesamt 200 Milliounen User kënnt.