Musek NewsThe Prodigy nees an den US-Charts

Nom trageschen Selbstmord vum "The Prodigy"-Frontmann Keith Flint de 4. Mäerz ass d‘Musek vun der Band nees an den Charts gelant.

Leschten Update: 15.03.2019, 08:59:56

© AFP/Archives/ED JONES

Vill Fans hunn a Gedanken un de verstuerwene Museker d‘Lidder erof gelueden an se domat nees an d’Charts gepusht. Wéi den amerikanesche "Billboard" -Magasinne mellt, sinn 3 Singelen vun The Prodigy nees fir mat dobäi: "Firestarter", "Breathe" an "Smack My Bitch Up". Dobäi ass "Firestarter"  op Plaz 13 am héchsten klasséiert.