Musek NewsUS-Charts: Drake baut säi Rekord weider aus

Laanscht den Drake kënnt an den US-Single-Charts de Moment awer keen.

Leschten Update: 15.03.2019, 15:08:02

© AFP/Archives/AARON M. SPRECHER

De kanadesche Rapper huet säi Rekord mat de meeschten Top 40 Hits an den amerikaneschen Charts wieder ausgebaut. Wéi billboard.com elo matdeelt, kann den Drake de Moment 94 Hits virweisen, déi et an d’Top 40 gepackt hunn. Op Plaz 2 landen den Elvis Presley an de Lil Wayne. Béid Museker kommen op 81 Hits an den Top 40.

Hei ass d'Top 10 mat deene meeschten Hits an den Top 40 vun den US-Single-Charts: 

1. Drake: 94 Songs 
2. Elvis Presley: 81 Songs 
2. Lil Wayne: 81 Songs 
4. Elton John: 57 Songs 
5. Taylor Swift: 56 Songs 
6. Nicki Minaj: 52 Songs 
7. Glee-Besetzung: 51 Songs 
8. The Beatles: 50 Songs 
8. Jay-Z: 50 Songs 
8. Rihanna: 50 Songs