Musek NewsDe Macklemore gëtt fir säi virbildlecht Verhale geéiert

De Macklemore gëtt elo och nach fir säi virbildlecht Verhalen mat engem Award geéiert.

Leschten Update: 15.03.2019, 15:17:35

© AFP/Archiv/Jean-Christophe MAGNENET

De Macklemore hat virun e puer Joer mat Hits wéi „Can’t hold us“ oder “Thrift Shop“ de groussen Duerchbroch.  Mam Erfolleg koum awer och den Drock, an hien huet ugefaangen exzessiv Drogen ze consomméieren. Eréischt wéi hien op der Toilette zesumme gebrach ass, huet hien realiséiert dass et esou net wieder goe kéint. No enger Entzéierungskur ass de Macklemore haut clean . De 16. Mee gëtt hien beim „MusiCares-Event zu Los Angeles mam „Stevie Ray Vaughan Award“ ausgezeechent. Dëse Präis geet all Joer u Museker, déi der Mënschheet ee Virbild a vun den Droge lass komm sinn.