Musek NewsKeng Opléisung: Die Ärzte lancéieren neie Song

Fans vun der Band Die Ärzte kënnen opootmen. D’Spekulatioune ronderëm dat geheimnisvollt Wuertspill huet een Enn - an zwar ee gutt.

Leschten Update: 18.03.2019, 17:26:59

Laang hat ee Buschstawerätsel op der Homepage vun den Ärzte fir Rumeuren gesuergt, si géingen sech opléisen. Elo steet awer fest: dorëms goung et beim Rätsel net. Villméi huet den Trio en neit Lidd mam Titel „Abschied“ eraus bruecht. 2 verschidde Video’en gëtt et dozou- eng „vegetaresch“ an eng „vegan“ Versioun.

Virdrun hat di däisch Punkrock-band bei hire Fans fir Diskussiounen gesuergt, Op hirer Homepage war een Songextrait mat de Textzeil "Manchmal ist es einfach Zeit zu gehen" ze héiere gewiescht. An engem Rätsel sollt ausserdeem ee Wuert gerode ginn dat mat de Buschtawen "Abs" ugefaangen huet. Hei am Land sinn Die Ärzte jo och geschwënn ze gesinn. De 25. Mee kommen si fir een ausverkaafte Concert an den Atelier.