Musek NewsJuno Awards 2019: d'Gewënner sti fest

Geschter Owend sinn zu Ottawa d‘Juno Awards verdeelt ginn- déi kanadesch Versioun vun de Grammyen.

Leschten Update: 18.03.2019, 14:00:47

© AFP/ANGELA WEISS

Grousse Gewënner war de Shawn Mendes. Hien gouf gläich mat 5 Awards ausgezeechent: Kënschtler vum Joer, Album vum Joer, Single vum Joer, Songwriter vum Joer a Pop Album vum Joer. Den Award fir d’Grupp vum Joer goung un d‘Arkells. De Post Malone krut fir “Beerbongs & Bentleys” den Award als Beschten Internationales Album. Mam Award fir dee Beschtem Elektroneschen Album gouf “Deception Bay” vu Milk & Bone ausgezeechent. 

Hei d'Gewënner an den Haaptkategorien vun den Juno Awards 2019: 

KËNSCHTLER VUM JOER
Shawn Mendes 

ALBUM VUM JOER
“Shawn Mendes” - Shawn Mendes 

SINGLE VUM JOER
"In My Blood" - Shawn Mendes 

GRUPP VUM JOER
Arkells 

NEWCOMER VUM JOER
Bulow 

SONGWRITER VUM JOER
Shawn Mendes, "Lost In Japan" 

INTERNATIONALEN ALBUM VUM JOER
“Beerbongs & Bentleys” - Post Malone 

VIDEO VUM JOER
“No Depression” - Ali Eisner Bahamas 

POP-ALBUM VUM JOER 
“Shawn Mendes” - Shawn Mendes 

COUNTRY-ALBUM VUM JOER
“We Were That Song” - Brett Kissel 

ALTERNATIVEN ERWUESSENEN-ALBUM VUM JOER
“Earthtones” - Bahamas 

ALTERNATIVEN ALBUM VUM JOER 
“Baby Teeth” - Dizzy Royal 

ROCK-ALBUM VUM JOER
“Rally Cry” - Arkells 

RAP-OPNAHM VUM JOER
“LoVE me Now” - Tory Lanez 

DANCE-OPNAHM VUM JOER 
“Body” - Loud Luxury 

R'n'B- /SOUL-OPNAHM VUM JOER
“Being Human In Public” - Jessie Reyez 

ELECTRONESCH OPNAHM VUM JOER 
“Deception Bay” - Milk & Bone 

HEAVY METAL ALBUM VUM JOER 
“The Wake” – Voivod 

ADULT CONTEMPORARY ALBUM VUM JOER
Love” - Michael Bublé 

JUNO FAN CHOICE AWARD 
Avril Lavigne