Musek NewsTaylor Swift: Neit Rätsel – Neien Album?

Grouss Opreegung de Moment bei den Taylor Swift Fans. D’Sängerin huet ee Countdown gestart! Wat awer verstoppt sech dohanner?

Leschten Update: 15.04.2019, 14:05:24

© AFP/Archiv/Valerie MACON

Mat „Reputation“ hat d’Taylor Swift Enn 2017 säi leschte Studioalbum op de Maart bruecht. Wéinst engem Countdown op senger Homepage gëtt elo spekuléiert, dass eng nei Release usteet. An de sozialen Netzwierker deit alles op de 26. Abrëll hin. Op Twitter an Instagram huet d‘Taylor Swift den Datum „4.26“ erwäänt an verweist op den Internetsitte aprilTwentySix.com, deen zu senger Homepage www.taylorswift.com féiert. Wat op dësem Dag passéiere kéint, verréit d‘Sängerin awer net.

Fans spekuléieren schonn zanter e puer Méint iwwer nei Musek vun der Sängerin. Een Instagram-Post vum Taylor Swift mat 7   Palmen am Februar gouf als Indice fir säi 7. Album gedeit.