Sonic Visions 2019De Line Up steet fest!

Matt Simons, Alec Benjamin, Balthazar a Yungblud kommen dëst Joer op de Sonic Visions Festival an der Rockhal.

Leschten Update: 13.05.2019, 13:00:08

D'Rockhal huet dëse Méindeg de Line Up fir de Sonic Visions Festival 2019 ugekënnegt. Als Headliner wäerten deemno Alec Benjamin, Balthazar, Yungblud a Matt Simons hei optrieden.

Confirméiert goufen ausserdeem Optrëtter vun Aloïse Sauvage, Glauque, Blanco White, Kelvyn Colt, Portland, an Do Nothing a Last Train.

Natierlech goufen och nees lokal Kënschtler gebucht- dorënner Christina Kalyss, Chaild, Tuys, an The Choppy Bumpy Peaches.

De Festival ass de 15. a 16. November- wéi schonn di lescht Joren ënnert der spektakulärer Kuliss vun den Héichhiewen.

Ticketen kritt der um Internetsite sonicvisions.lu

Lauschtert hei de Reportage


Kuckt hei den Teaser zum Festival:


Kuckt hei de Video vum leschte Joer:


Kuckt hei Video'en zu den Headliner;: