Musek NewsMadonna: Fält den ESC-Optrëtt an d’Waasser?

Eigentlech sollt d’Madonna e Samschdeg zu Tel Aviv beim Eurovision Song Contest optrieden. Deen Optrëtt kéint awer elo an d’Waasser falen.

Leschten Update: 14.05.2019, 13:17:04

© GETTY/AFP/Archiv/Cory Schwartz

D’Madonna wäert deemno wéi net wéi geplangt beim ESC dëse Weekend optrieden. Wéi d’Organisateuren matgedeelt hunn, wier d’Queen of Pop nämlech bis elo guer net offiziell als Live-Act beim Event ugemellt gi sinn. Schonn den 9. Abrëll gouf den Optrëtt vun der Sängerin offiziell ugekënnegt. 2 Lidder soll hatt presentéieren, mee et gouf ni ee Kontrakt ënnerschriwwen.

Wéi de Billboard Magasinne schreift, soll d‘Sängerin muer zesumme mat 135 Mann Personal an Israel fléien. Et dierf een deemno gespaant sinn, op dat mam ESC Optrëtt awer nach klappt.