Musek NewsDëse Freideg ass di 29. Editioun vum Rock um Knuedler.

Mad Fox, Mutiny on the Bounty an The Disliked trieden dëst Joer um Rock um Knuedler op.

Leschten Update: 10.07.2019, 15:47:22

© eldo archiv

Dëse Freideg ass de Rock um Knuedler an der Stad. Wéi schonn d'lescht Joer trieden exklusiv Artisten a Bands aus der Lëtzebuerger Musekszeen op.

Headliner sinn deemno Mad Fox. Engagéiert goufen ausserdeem bekannte Bands wéi The Disliked, Porn Queen, Mutiny on the Bounty, a Go by Brooks.

Op 4 Bühnen trieden am ganzen 16 Acts op.

Den Entrée ass wéi gewinnt gratis.

Weider Informatioune fannt um Internetsite vum Rock um Knuedler

Lauschtert hei de Reportage