Musek NewsPlainte géint d'Ariana Grande wéinst Paparazzi-Biller

D’Ariana Grande gëtt wéinst Copyright-Verletzung ugeklot.

Leschten Update: 15.05.2019, 13:21:33

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/Jamie McCarthy

De Reproche, deen d’Ariana Grande gemaach kritt, betrëfft allerdéngs net seng Musek, mee Fotoen vum Popstar. An zwar werft de Paparazzo Robert Barbera der Sängerin fir, seng Biller op hirem Instagram-Account gepost ze hunn.  Den New Yorker Fotograf hat d’Ariana Grande zejoert geknipst wéi hatt eng Posch mat der Schrëft „Sweetener“ dobäi hat.

Zwou Fotoen goufen dono op sengem Account gepost, den Dag wou säin Album “Sweetener” eraus komm ass. De Post krut méi wéi 3 Millioune Likes.

Elo wëllt de Fotograf entweder de Profit deen d’Sängerin duerch d’Biller era kritt huet, oder jeeweils 25.000 Dollar.