Musek NewsImagine Dragons rocken UEFA Champions League Finale

Imagine Dragons sinn als musikaleschen Act fir d‘UEFA-Champions-League-Finale am Juni 2019 engagéiert ginn.

Leschten Update: 16.05.2019, 10:47:55

© eldo archiv

D’Poprockband wäert deemno den 1. Juni zu Madrid bei der Erëffnungszeremonie virun der Finale tëscht Tottenham Spurs a Liverpool optrieden. D‘Performance, déi an iwwer 200 Länner diffuséiert gëtt, soll genee 10 Minutten virum Match ufänken. Gläichzäiteg ass et iwwregens och bis op Weideres dee leschten Optrëtt vun Imagine Dragons. D‘Band gënnt sech musikalesch Paus.

Imagine Dragons léisen bei der Champions League iwwregens d‘Dua Lipa of, wat 2018 mat engem Medley aus sengen Hits fir Begeeschterung gesuergt hat.