Musek NewsQueen' hu keen Cent u „Bohemian Rhapsody“ verdéngt

De "Queen"-Film "Bohemian Rhapsody" ass ee Mega-Erfolleg gewiescht- allerdéngs net fir all Mënsch.

Leschten Update: 16.05.2019, 11:01:18

© AFP/VALERIE MACON

Wéi elo eraus komm ass, hunn all di Bedeelegt um Film  verdéngt, just déi net, ëm déi et eigentlech geet: d’Museker vun der Band „Queen". Dat sot de Brian May elo an engem Interview. Si hätte keen Cent um Film verdéngt, sot hien - a freet sech, wéi erfollegräich e Film eigentlech muss sinn, ier een domat Geld verdéngt.

„Bohemian Rhapsody“ huet weltwäit iwwer 900 Milliounen Dollar verdéngt an ass domat deen erfollegräichste Museksfilm vun allen Zäiten. Bei der Oscar-Verdeelung gouf den Acteur Rami Malek fir seng Leeschtung als Freddie Mercury als „Beschten Haaptacteur“ geéiert an nach 3 weider Oscaren goungen un „Rhapsody“.