Musek NewsEd Sheeran a Lady Gaga zesumme beim neien James Bond Song?

Den James Bond Titelsong ze sangen, ass eng grouss Éier déi meeschtens u britesch Museker geet. Elo gëtt spekuléiert wien deen nächste Bond Song séngt.

Leschten Update: 16.05.2019, 11:28:51

Daniel Craig als James Bond© AFP/File/LEON NEAL

D’Adele hat  fir de Bond-Song “Skyfall” 2013 de Grammy gewonnen, 2 Joer méi spéit de Sam Smith fir “Writings on the wall”. Elo gëtt spekuléiert, wien deen nächsten Interpret wäert sinn – an do daucht ee Museker besonnesch oft op. Nämlech den Ed Sheeran. Och hien ass britesch, an an de leschte Joren äusserst erfollegräich. Ausserdeem sot hien schonn 2017 dass hien intresséiert wier. Him feelt allerdéngs deen emotionale Balladefacteur, deen zu all James Bond Song gehéiert, Deen kéint Rumeuren no d’Lady Gaga iwwerhuelen, wat jo selwer schonn duerch de Film „A Star Is Born“ fir en Oscar

Den neie Bond-Film soll Ufank 2020 eraus kommen.