Musek NewsDe Line Up vum FFYS steet fest

Bekannt Lëtzebuerger Bands wéi Eternal Tango, Maz an Tuys wäerten op der leschter Editioun vum FFYS optrieden.

Leschten Update: 17.05.2019, 14:07:39

D'Organisateure vum FFYS hu via Facebook de Line Up fir d'Editioun 2019 ugekënnegt.

Ronn 40 Bands wäerten deemno den 25. a 26. Mee um Festival optrieden- gréisstendeels bekannte Bands aus Lëtzebuerg wéi Tuys, Eternal Tango, Versus You, Maz, Seed to Tree, a Say Yes Dog, awer och zum Beispill Kate Tempest an Kokoroko aus Groussbritannien.

Des weideren fënnt een nieft dem musikalesche Programm  och vill aner Aktivitéiten - dorënner verschidde Workshops, Yoga-Coursen, e Food Village an Street Performancen. 

De Camping wäert e Freideg tëscht 19h an 21h schonn op sinn, e Samschdeg um 12h wäert de Site vum Festival selwer opgoen.

Praktesch Detailer iwwert de Festival fannt der Homepage www.ffys.eu