Musek NewsStare kritiséieren Anti-Ofdreiwungsgesetz

An de Staaten Georgia an Alabama dierfen Fraen net méi ofdreiwen - och net, wa si duerch eng Vergewaltegung schwanger gi sinn. Dat reegt vill Staren op

Leschten Update: 17.05.2019, 14:36:33

© AFP/Daniel LEAL-OLIVAS

Vrun allem d’Tatsaach dass dat neit Gesetz vu Männer gemaach gouf, suergt fir Opreegung. Kee Mann soll esou eng fundamental Decisioun iwwert de Kierper vun enger Fra huelen, schreift d’Dua Lipa op Instagram. Och d’Rihanna ass entsat. Hatt huet eng Foto gepost vun deen Männer déi d’Gesetz responsabel sinn a schreift dass dat d’Idioten déi fir d’Fraen Decisiounen huelen. Och aus der Männerwelt kënnt Kritik. Enner anerem John Legend a Chris Evans hu sech op Twitter geäussert.