Musek NewsImagine Dragons-Sänger mécht eng Therapie

An de leschten 11 Joer haten Imagine Dragons 4 Nummer-1-Alben eraus bruecht. Besonnesch gutt goung et dem Frontmann Dan Reynolds dobäi awer net.

Leschten Update: 17.05.2019, 15:01:56

© eldo archiv

De Sänger leit ënnert der onheelbarer chronescher Autoimmunkrankheet Morbus Bechterew, kuerz AS genannt. Soubal hien seng Gelenker beweegt, doen si wéi, seet hien. Dofir suivéiert dofir schonn een Therapieplang mat bestëmmter Ernierung, a Beweegung. Den Dan Reynolds wëllt elo ee Gank zréck schalten an sech eng musikalesch Paus gënnen,  fir seng gesondheetlech Problemer an de Grëff ze kréien.  Vrun allem awer wëllt hien fir seng 3 Meedercher do sinn a preparéiert sech op d’Gebuert vu sengem éischten Jong fir, deen am Oktober op d’Welt kënnt. Op a wéini den Dan Reynolds nees op der Bühn steet, ass net gewosst.






View this post on Instagram

my 3 little lima beans

A post shared by Daniel Coulter Reynolds (@danreynolds) on