Musek NewsShakira muss wéinst Steierhannerzéiung viru Geriicht

Fir d’Shakira gëtt et sou lues enk. No der Uklo zejoert muss d’Sängerin elo viru Geriicht.

Leschten Update: 05.06.2019, 14:18:28

© eldo archiv

De Grond: Steierhannerzéiung a Milliounenhéicht. Am leschte Joer  hat de spuenesche Parquet eng Plainte géint d’Sängerin agereecht. D’Musekerin kritt virgeworf tëscht 2011 an 2014 keng Steieren a Spuenien bezuelt ze hunn. D’nächste Mëttwoch muss d’Shakira elo virun engem Geriicht zu Barcelona aussoen.