Musek NewsMac Miller: Docu iwwer verstuerwene Rapper kënnt

9 Méint ass et hier, dass de Mac Miller un enger Iwwerdosis gestuerwen ass. Elo soll e Film iwwert de Rapper eraus kommen.

Leschten Update: 06.06.2019, 14:09:50

© Kevin Winter/Getty Images North America/Afp

Wéi de Regisseur CJ Wallis op Twitter ugekënnegt huet, wëllt hien een Documentaire iwwert d’Liewen an d’Musek vum Rapper eraus bréngen. Am Laf vum nächste Joer wäert hien Interviewen an anert Material sammelen, fir domat ee Film fir dem Mac Miller seng Famill, seng Frënn a seng Fans ze dréinen. Ausserdeem huet hien d‘Fans opgeruff, him Persounen virzeschloen, mat deenen hien sech fir de Film ënnerhale soll. 

De Mac Miller ass de 7. September 2018 zu Los Angeles gestuerwen. Säin Debüt "Blue Side Park" ass 2011 eraus komm an huet an den USA Plaz 1 vun den Album-Charts erreecht. Dono huet hien 4 weider Alben eraus bruecht. Dee leschten heescht "Swimming" an ass vun 2018.