Musek NewsEd Sheeran an Heinz presentéieren "Edchup"

An den USA war den nationale Ketchup-Dag an zu där Geleeënheet huet dee gréisste Ketchup-Fan weltwäit, den Ed Sheeran, eng nei Kollaboratioun gestart.

Leschten Update: 07.06.2019, 05:36:50

© afp

Schonn am Abrëll hat den Ed Sheeran betount wéi gären hien eng Kéier géing mat Heinz Ketchup zesumme schaffen. Elo ass doraus Realitéit ginn an d’Firma huet zesumme mam Museker een neie Produit mam Numm „Edchup“ eraus bruecht. Den Artikel gesäit aus wéi eng normal Fläsch Ketchup- mat Ausnam vum Wuert „Edchup“ - an d’Tomate déi d’Fläsch dekoréiert krut Hoer an e Brëll.

Dësen neie Ketchup kritt een online um Site heinzedchup.com ze kafen.