Musek NewsTaylor Swift verkeeft Merchandise mat peinlechem Feeler

Scho virun engem Mount gouf dem Taylor Swift seng nei Merchandise presentéiert. Elo eréischt ass de Fans opgefall, dass op den t-Shirten e Feeler steet.

Leschten Update: 06.06.2019, 15:22:59

© Robyn Beck/afp

Am Plaz um englesche Wuert „you’re“ steet op den t-Shirten „your’e“ geschriwwen, wat kee Sënn ergëtt. Do gesäit een, dass souguer ee Superstar wéi d’Taylor Swift Feeler mécht an net perfekt ass.

Di meescht Fans wëllen hiren t-Shirt awer trotzdeem net méi hierginn.