Musek News80.000 Fans ginn dëse Weekend um Rock am Ring erwaart

Haut ass den Optakt vum Rock am Ring. No hirem Optrëtt am Atelier stinn ënner anerem Die Ärzte op der Bühn.

Leschten Update: 07.06.2019, 15:26:55

© eldo archiv

Um 14h demëtteg huet an der Äifel dee legendäre Musekspektakel ugefaangen. Als Headliner stinn ënner anerem Die Ärzte, The Smashing Pumpkins an Tool op der Bühn. Weider Highlights kommen vu Marteria  a Casper, Dropkick Murphys an Bring Me The Horizon.

Ronn 75 Bands wäerten tëscht dem 7. An 9. Juni op deenen 3 Bühne vum Festival optrieden.  D’Organisateuren rechnen mat méi wéi 80.000 Visiteuren. 2.000 Polizisten a Rettungsleit suerge fir d’Sécherheet.