Musek NewsAvicii: Posthumen Album „TIM“ ass elo ze kréien

Ee Joer nom Avicii sengem Doud ass haut de posthumen Album vum schwedeschen DJ eraus komm.

Leschten Update: 07.06.2019, 15:27:05

© TT NEWS AGENCY/AFP/File/Bjorn LARSSON ROSVALL

Ee Joe nodeems den Tim Bergling, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Avicii, dout opfonnt gouf, ass dëse 7. Juni 2019 säin neien Album „TIM“ posthum eraus komm.  12 Lidder sinn um Album ze fannen, déi de Museker scho viru sengem trageschen Dout produzéiert hat.

Ënner anerem zielt dozou de Song „Heaven“, deen de Avicii zesumme mam Coldplay-Sänger Chris Martin geschriwwen a schonn 2014 agespillt hat. Viru kuerzem war jo och schonn d’Albumsingle „SOS“ mam Aloe Blacc um Mikro eraus komm.

All d’Recetten aus dem Plackeverkaaf a -streaming sollen un d’Tim Bergling Foundation goen,  déi sech fir Suicidpreventioun asetzt.