Musek NewsRock am Ring“ 2020: Ticket-Virverkaf huet ugefaangen

Headliner oder aner Bands goufe bis ewell fir de Rock am Ring 2020 nach net confirméiert. Et kritt een awer schonn Ticketen.

Leschten Update: 12.06.2019, 09:42:44

De „Rock am Ring“ 2020 ass d‘nächst Joer vum 5.–7. Juni um Nürburgring an der Äifel a feiert dobäi ee Jubiläum: de „Rock am Ring“ gëtt nämlech 35 Joer al.

Bands goufen bis ewell nach net ugekënnegt. Dofir krut een awer schonn Ticketen ze kafen, wéi d’Organisateuren op Facebook matdeelen, kascht ee Weekend-Festivalticket 149 Euro.