Musek NewsJustin Bieber fuerdert Tom Cruise zum MMA-Kampf eraus

Den Justin Bieber huet mat engem Tweet fir Opmierksamkeet gesuergt. Dee 25 Joer ale Popstar fuerdert hei deen 56 Joer alen Tom Cruise zu engem Kampf eraus

Leschten Update: 12.06.2019, 09:42:21

© afp

Zu engem Mixed Martial Arts-Kampf huet den Justin Bieber den Tom Cruise erausgefuerdert an dobäi geschriwwen: „Tom, wann s du dëse Kampf net unhëls, hues du Angscht an et wäert dech e Liewen laang beschäftegen.



Den Justin Bieber huet gefrot, wien de Kampf organiséiere wéilt a sech un den Dana White, President vum MMA- Organisateur Ultimate Fighting Championship, adresséiert.

Mixed Martial Arts ass eng Kampfsportaart, bei där sech d’Kandidaten schloen a wiergen an eng ganz Rei vun Techniken aus anere Kampfsportaarten wéi Karate asetzen.

Wat hannert dem Justin Bieber senger Ausso stécht, war bis ewell net bekannt. Den Tom Cruise huet net mol op den Tweet reagéiert.

Twitter-User maachen sech aus der Justin Bieber Ausso wéi erwaart dee gréisste Spaass.