Musek NewsUsher léisst sech massive Kapp-Tattoo stiechen

Virun iwwer 10 Joer huet den Usher mat Hist wéi „U Remind Me“ an „Yeah“ weltwäit d‘Charts gestiermt. Haut mécht hien net méi mat senger Musek opmierksam.

Leschten Update: 12.06.2019, 13:45:57

© afp

Een Hit hat den Usher scho laang net méi. Fir am Gespréich ze bleiwen, huet de Museker awer lo seng nei Kierperdekoratioun presentéiert. Um Hannerkapp huet hien sech ee risegen Tattoo stieche gelooss. Den Tattookënschtler Dillon Forte huet dat geometrescht Konschtwierk op sengem Instagram-Account gedeelt.

Wéi hien schreift wier den Tattoo vun der Verännerung, der helleger Geometrie an engem ale Berber-Talisman inspiréiert. Schonn als Kand hätt hien dem Usher seng Musek gelauschtert an dowéinst wier den Tattoo fir hien definitiv eng Éier gewiescht.