Musek NewsRadiohead ginn no Computer-Hack erpresst a reagéieren elo

Een Hacker huet der britescher Band Radiohead onverëffentlecht Opname geklaut. Mee amplaz Léisegeld ze bezuelen, huet d’Band een anere Wee gewielt.

Leschten Update: 13.06.2019, 04:18:36

© afp

Mat hirem 3. Album "OK Computer" vun 1997 hu Radiohead Museksgeschicht geschriwwen. Ëmsou méi opreegend war et fir d’Fans vun der Band, wéi Ufank Mee am Internet onverëffentlecht Song-Material opgedaucht ass, dat nach aus dëser Zäit ass. Een Hacker hat d’Opnamen aus dem Archiv vum Sänger geklaut  - ëmmerhin 18 Stonne Musek, a vun der Band 150.000 Pond dofir verlaangt.

Radiohead hunn dat awer refuséiert an decidéiert, d’Material op hirer eegener Homepage zur Verfügung gestallt.


Wee sech di 18 Stonne laang Opnamen wëllt eroflueden, muss 18 Pond bezuelen. Den Erléis wëllt d’Grupp un d‘Klimaschutzorganisatioun „Extinction Rebellion“ spenden.